Grouss Botz 2021

Samsdes, de 27/3/2021 ëm 09:00 Auer

Dëst Joër wäerte mir kënnen d’Grouss Botz organiséieren, allerdéngs nëmmen ënner anhaalen vun den zu deem Moment gëltegen sanitäre Moosnahmen! (d.h. Distanz anhalen, kleng Gruppen am beschte jeweils nëmmen aus engem Stoot)

Déi Leit déi interesséiert sinn kënnen sech am Viraus per Telefon um 621 148147 oder per Mail op info@reiler.lu umellen.

Rendez-vous zu Reiler bei der Kierch. Do deele mir eis dann op fir déi verschidden Weeër zu a ronderëm Reiler ze botzen (Fëschberwee, Munzerwee, Scharewee, ronderëm d’Schoul, asw).

Vergiesst w.e.g. är Händschen an de Sécherheetsgilet net! D’Plastikstuten kritt dir op der Plaz.