Buergbrennen 2021

Sonndes, den 21/2/2021

Zënter ville Jore gëtt zu Reiler d’Buergbrenne vum Interesseveräin organiséiert.

Wéinst der aktueller sanitärer Kris kënnen mir dëst Joer leider keng Buerg opriichten.

E Sonndeg Mëtteg, den 21.02.2021 maache mir awer den Tour duerch d’Duarref a bréngen de Reiler Leit eng kleng Opmierksamkeet laanscht.

Selbstverständlech respektéieren mir d’Maskepflicht a ginn nëmmen a klenge Gruppen vun Dier zu Dier.

Wann dir deen Dag net doheem sidd, an dir de Reiler Interesseveräin trotzdeem wëllt ënnerstëtzen, da kënnt dir dat maachen duerch en Don op eise Kont :

BGLLLULL IBAN LU15 0030 7132 0696 0000

mat der Kommunikatioun: Buergbrennen 2021

Mir wënschen Iech All e schéine Buergsonndeg a virun Allem eng hutt Gesondheet.

De Comité

Weider Informatiounen iwwert dëse Brauch kann een op Wikipedia fannen.