Logo Reiler Interesseveräin

Generalversammlung 2020

Donneschdes, den 23/7/2020 ëm 19:30 Auer

am Hall Polyvalent an der Eselbuererstrooss zu Cliärref

Dagesuerdnung :

  1. Usprooch vum President
  2. D’Memberen (*)
  3. Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin
  4. Rapport vum Trésorier
  5. Rapport vun de Réviseuren
  6. Approbatioun vun de Konten vun 2019
  7. Décharge vum Conseil d’administration
  8. Bestëmme vun de Réviseuren fir 2020
  9. Neiwalen fir de Conseil d’administration
  10. Aktivitéiten 2020
  11. Presentatioun vum Budget 2020
  12. Approbatioun vum Budget 2020
  13. Cotisatiounen 2021
  14. Fräi Aussprooch

Wéinst dem COVID-19 kennen mir d’ Generalversammlung nëmmen ofhalen wann mir fest zougewise Sëtzplazen zur Verfügung stellen.

Dofir mussen déi Gäscht, déi un der Generalversammlung wëllen deelhuelen, sech w.e.g bis spéitstens Dënschdes, den 21. Juli iwwer Mail (info@reiler.lu) oder iwwer Telefon ( 621 700 311) umellen.

Fir an de Sall eran bis d` Leit op hirer Platz sëtzen ass Maske Pflicht !

De Conseil d’administration