Grouss Botz 2018

Samsdes, de 24/3/2018 ëm 09:00 Auer

Rendez-vous zu Reiler bei der Kierch. Do deele mir eis dann op fir déi verschidden Weeër zu a ronderëm Reiler ze botzen (Fëschberwee, Munzerwee, Scharewee, ronderëm d’Schoul, asw).

Vergiesst w.e.g. är Händschen an de Sécherheetsgilet net! D’Plastikstuten kritt dir op der Plaz.

Ëm 12.00 Auer gi mir zesummen iessen.