Buergbrennen 2022

Sonndes, de 6/3/2022 ëm 20:00 Auer

Zënter ville Jore gëtt zu Reiler d’Buergbrenne vum Interesseveräin organiséiert. Sou och dann endlech erem dëst Joer.

Opriichten: Rendez-vous ass e Samsdigmettig, den 5.03. em 13.00 Auer bei Schlechter am Haff (Maison 32 zu Reiler). Mir ginn dann d’Buerg opriichten. Jiddereen deen wëllt hëllefen ass wëllkomm.

Nom Opriichten grillen mir nach zesamen.

Ophiewen duerch d’Duarref: E Sonndig Mëtteg, den 6.03.2022 iessen mir ëm 12h00 zesamen om Camping Reilerweier (Maison 86 zu Reiler) an man dann dono den Tour durch d’Duarref.

Wann dir deen Dag net doheem sidd, an dir de Reiler Interesseveräin trotzdeem wëllt ënnerstëtzen, da kënnt dir dat maachen duerch en Don op eise Kont :
BGLLLULL IBAN LU15 0030 7132 0696 0000
mat der Kommunikatioun: Buergbrennen 2022

Buergbrennen: E Sonndigowend, den 6.03 em 20h00 Auer gëtt d’ Buerg op der Schantz ugefong.

Mir wënschen Iech All e schéine Buergsonndeg a virun Allem eng gutt Gesondheet.

De Comité

Esouwuel d’Iessen um Camping, wéi och d’Buergbrennen selwer gëtt ënnert dem Covid-Check Regime organiséiert.


Weider Informatiounen iwwert dëse Brauch kann een op Wikipedia fannen.