Buergbrennen 2023

Sonndes, de 26/2/2023

Zënter ville Jore gëtt zu Reiler d’Buergbrenne vum Interesseveräin organiséiert. Sou och dann erem dëst Joer.

Opriichten: Rendez-vous ass e Samsdigmettig, den 25.02. em 13.00 Auer bei Schlechter am Haff (Maison 32 zu Reiler). Mir ginn dann d’Buerg opriichten. Jiddereen deen wëllt hëllefen ass wëllkomm.

Nom Opriichten grillen mir nach zesamen.

Ophiewen duerch d’Duarref: E Sonndig Mëtteg, den 26.02.2023 iessen mir ëm 12h00 zesamen om Camping Reilerweier (Maison 86 zu Reiler) an man dann dono den Tour durch d’Duarref.

Wann dir deen Dag net doheem sidd, an dir de Reiler Interesseveräin trotzdeem wëllt ënnerstëtzen, da kënnt dir dat maachen duerch en Don op eise Kont :
BGLLLULL IBAN LU15 0030 7132 0696 0000
mat der Kommunikatioun: Buergbrennen 2023

Buergbrennen: E Sonndigowend, den 26.02 em 20h00 Auer gëtt d’ Buerg op der Schantz ugefong.

Mir wënschen Iech All e schéine Buergsonndeg a virun Allem eng gutt Gesondheet.

De Comité

Weider Informatiounen iwwert dëse Brauch kann een op Wikipedia fannen.