Verkéierssëcherheet zu Reiler – Vitesse op 70 km/h limitéiert

« Was lange währt wird endlich gut »

D’Generalversammlung vum Reiler Interesseveräin hat den 23. Mäerz 2016 décidéiert fir schrëftlech beim Minister fir Nohalteg Ëntwëcklung an Infrastrukturen ze intervenéieren an op déi geféierlech Situatioun op der Kräizung zu Reiler hinzeweisen. Am Januar 2017 huet den Interesseveräin nach eng Kéier e Rappel geschéckt, an wéi den Här Minister Bausch eis a senger Äntwert vum 5. September 2017 matgedeelt hat, sou ass duerch Grouss-Herzoglecht Reglement vum 23. Mee 2018 d’Vitesse op der Kräizung N18/CR340 endlech vun 90 op 70 km/h reduzéiert ginn.

Wéi op der Photo ze gesinn ass, sou sinn d’Schëlder déi lescht Woch opgeriicht ginn.