Reiler (Reuler)

Reiler ass en Duerf aus der Gemeng Clierf. Vu 1795 bis 1823 huet et zu der Gemeng Munzen gehéiert.

An engem Tauschakt vum 3. Februar 1324, tëschent dem Walter vu Clierf an dem Walter vu Meesebuerg, ass Reiler als Rular ernimmt ginn.

D’Endung ‘lar’ an och de Flouernumm ‘Acht’ deiten op eng fränkesch Siidlung hin (5. bis 10. Joerhonnert).

Fréier Schreifweisen:

  • Rular 1324, 1349, 1417
  • Ruller 1495, 1528, 1583
  • Ruler 1501 , 1526, 1624
  • Rullen 1531
  • Reuller 1624, 1631 , 1681 , 1701
  • Reiller 1681
  • Reyler 1681
  • Relair
  • Reyller 1762

Bevëlkerung Reiler 1808-2024

Quellen:

  • Les mairies du canton de Clervaux sous le régime français (1795 – 1814) de Joseph Goedert
  • Bio-Bibliographie du Canton de Clervaux (La Cité et la Commune de Clervaux) établie par Joseph Goedert
  • Geschichte Luxemburgs von Dr. Joseph Meyers
  • STATEC
  • Commune de Clervaux – Statistiques